Steiererklärung
Donen un d'Fondation Waqf Lëtzebuerg si steierlech ofsetzbar zu Lëtzebuerg.
Fir datt Donen ofsetzbar sinn, muss d'Gesamtzomm vun de Bäiträg pro Joer gläich oder méi héich wéi 120 € sinn.
Donen un d'Fondation si säit 2019 als speziell Ausgaben steierlech ofsetzbar.
Beispill 1
Den Här X ass ledig an huet e jäerlecht besteierbaart Akommes vu 50.000 €. Hie gëtt an der Steierklass 1 besteiert a muss 9.743 € Steieren bezuelen.
Wann hie während dem Joer 500 € un de Waqf spendéiert fir d'Betribskäschte vun enger Moschee ze finanzéieren, gëtt säi besteierbaart Akommes op 49.500 € reduzéiert an hie muss 9.534 € Steieren bezuelen.
Den Här X spuert domat 209 € Steieren no enger Spend vu 500 €, wat 41,8 % vum Don entsprécht.
Beispill 2
Den Här an d'Madamm Y si bestuet an hunn zesummen e jäerlecht besteierbaart Akommes vu 90.000 €. Si ginn an der Steierklass 2 besteiert a mussen 15.334 € Steieren bezuelen.
Wa si während dem Joer 5.000 € un de Waqf spenden fir de Bau vun enger Moschee ze finanzéieren, gëtt hiert besteierbaart Akommes op 85.000 € reduzéiert an si mussen 13.363 € Steieren bezuelen.
Den Här an d'Madamm Y spuere domat 1.971 € Steieren no enger Spend vu 5.000 €, wat 39,4 % vum Don entsprécht.